Zwou Traditiounen – Eng Zukunft!

Zwou Traditiounen, eng Zukunft!

Vum 20. bis de 26. Mäerz steet d’Sozial Aarbecht am Mëttelpunkt vum ëffentlechen Interessi mat dem „International Social Work day“ an dem „United Nations Social Work Day“. Zil vun dësen Deeg ass fir iwwert de Stellewäert vun der Sozialer Aarbecht an eiser Gesellschaft nozedenken, de Beruff kennenzeléieren a sech fir méi sozial Gerechtgekeet anzesetzen.

Deemno eng gutt Geleeënheet, fir sech mat der Sozialer Aarbecht zu Lëtzebuerg auserneenzesetzen, dëst Joer ganz besonnesch mat der Zukunft vum Beruff, deen hei am Land zwou Traditioune kennt: Zum engen entsteet virun 100 Joer de Beruff vun den „sozialen Helferinnen“, der „assistante sociale“. Zum aneren entsti virun 40 Joer d’Beruffer vum „moniteur“, vum „éducateur“ a vum Graduéiertenerzéier, haut och „Sozialpädagog“ genannt. Ënnerschiddlech Beruffsgeschicht, ënnerschiddlech Reglementéierung, ënnerschiddlech Representéierung, awer déi selwecht Aarbechtsfelder, déi selwecht Kompetenzen, déiselwecht Aufgaben a Clienten…. weisen op eng gemeinsam Zukunft vun der „professional community“ hin.

Sozial Aarbecht, wat ass dat? Sozialaarbechter, si mir dat net all? Zum Beispill wa mir, wéi sou vill Leit am Ländchen, eppes am Déngscht vun der Gesellschaft maachen, wa mir an eiser Fräizäit, benevole, éierenamtlech, also ouni mussen an ouni wëllen derfir bezuelt oder unerkannt ze ginn, anere Leit weiderhëllefen, onentgeltlech Hausaufgabenhëllef ginn, op Kanner mat oppassen, Fräizäit- a Jugendaktivitéite matgestalten, Donen a Lieweswichteges sammele fir, wéi et heescht „e gudden Zweck“. Dës vill „gutt Zwecker“ maachen eis all zu Sozialen Aarbechter, maachen eis Gesellschaft méi solidaresch, eist Liewe méi räich.

Am Laf vum leschten / 20. Joerhonnert huet sech d’Sozial Aarbecht zum Beruff entwéckelt: Hëllefen, ënnerstëtzen, begleeden, beroden, erzéien, intervenéieren, kontrolléieren am Optrag vun der Gesellschaft, no der Demande vun enger Populatioun, opgronn vu sozialer Diagnostik, mat kloren Zilsetzungen, déi kënnen evaluéiert ginn, géint Bezuelung, am Respekt vun de Mënscherechter a jidder Mënsch senger Dignitéit, och a grad, wann een Ënnerstëtzung, Ënnerweisung, Emanzipatioun brauch. Sou ass am Laf vun der Zäit d’Famill vun de soziale Beruffer ëmmer méi grouss ginn: SozialassistentInnen, SozialpädagogInnen, ErzéierInnen, LiewensbegleederInnen, HëllefserzéierInnen, Heil- a SonderpädagogInnen, InklusiounshelferInnen, Dagesmammen…

D’Geschicht vun der Sozialer Aarbecht zu Lëtzebuerg kennt zwou Traditiounen, déi am 20. Joerhonnert begrënnt goufen. Nodeems de Lëtzebuerger Staat no 1855 konsequent op d’Schwësteruerden (Congregatiounen) zeréckgräift fir déi brennend “Sozial Fro” (19. Joerhonnert) och an de Spideeler, Hospizen an Erzéiungsanstalten ze beäntwerten[1], kënnt et 1907 zu engem neie Moment:

(I.) Et fänkt u mat der biergerlecher Fraebeweegung, dem „Verein für die Interessen der Frau”, 1906 gegrënnt vum Aline Mayrisch de Saint-Hubert (1874-1947), deem seng engagéiert Dammen a Jofferen 1907 eng Sozialenquête iwwert d’Wunnverhältnisser vun den Aarbechterfamilljen am Gronn, a Clausen an am Pafendall duerchféieren an op déi sozial Mëssstänn hiweisen.[2] 1908 gëtt d’ “Ligue Nationale Luxembourgeoise contre la Tuberculose”, gegrënnt, déi sech haut “Ligue médico-sociale” nennt [3], 1914 gëtt d’Croix rouge luxembourgeoise gegrënnt[4], 1932 ginn an der “Fédération Luxembourgeoise des Œuvres Catholiques de Charité » [5] déi kathoulesch Hëllefsveräiner zesummegefouert, dei zënter 1901, besonnesch am Süde vum Land entstane waren.

Sou entstinn aus dem Kampf géint d’Tuberkulos an déi sozial Mëssstänn 1935 zwee nei Beruffer fir déi – ënnert der Opsiicht an der Kontroll vun de Medezinner – e Staatsdiplom vergi gëtt: d’infirmière visiteuse – deemols och “staatlich geprüfte luxemburgische Fürsorgerin“[6], zënter 1967 assistante d’hygiène sociale genannt – an d’assistante sociale, “soziale Helferinnen”[7] wéi et am deemools zweesproochegeno Mémorial iwwersat gouf.[8] Um Virowend vum 2. Weltkrich zielt Lëtzebuerg ganzer 19 Sozialaarbechterinnen, wouvun 13 gläichzäiteg och Krankeschwëster sinn. An den 80er Jore verschwënnt den Titel vun der “infirmière sociale”, och “infirmière de santé communautaire” respektiv zu Lëtzebuerg “assistant d’hygiène sociale” genannt an haut ziele mir dëser Traditioun nach just d’Sozialassistenten, Assistant-socialen. Zënter 1979 bleiwen d’Berufsbestëmmungen onverännert. (33 Joer)

(II.) Déi sozialpädagogesch Traditioun entsteet nom 2. Weltkrich, Enn der 60er an Ufank der 70er Jore vum 20. Joerhonnert. Zum engen duerch d’Reform vun der Heemerzéiung a Weesekannerfleeg, zum aneren duerch d’Aféiere vun der Sonderschoul (éducation différenciée).

Déi sozialpädagogesch Traditioun geet op d’Entwécklung am Heemwiesen zeréck. Nei gruppepädagogesch a familljenähnlech Heemstrukturen entstinn als Alternativen zu de kasärenähnleche Kannerheemer wéi z.Bsp. d’Rumm an der Stad. 1950 gi behäerzte Schoulmeeschter pädagogesch nei Weeër op där Plaz, déi mir haut mam “Kannerschlass Suessem” identifizéieren.[9] 1968 gëtt d’Mierscher Kannerduerf an d’Liewe geruff. Dat selwecht Joer kënnt et zu enger éischter Reorganisatioun vun der “Rumm”. Ënnert der Staatssekretärin a spéiderer Familljeministesch Madeleine Frieden-Kinnen (1915-1999)[10] gëtt de “Service d’Intégration Sociale de l’Enfance” [11] geschaaft, deen sech ëm d’Reform vun de Kannerheemer këmmert a fir déi neit, anescht qualifizéiert Personal gebraucht gëtt, dat sozial a pädagogesch geschoult soll sinn. Wéi néideg dës Reform deemools war, weist net zulescht d’Opschaffe vu Kannermëssbrauch an dësem Beräich, dat virun 2 Joer offiziell ugefaange gouf a sécher ni ganz ofgeschloss wäert sinn.

Zesumme mat den Eltereverbänn vu Kanner mat Behënnerunge fuedere fortschrëttlech Schoulmeeschteren, Léierinnen, Dokteren an éischt Psychologen, datt Kanner mat Behënnerungen och d’Recht op Schoulbildung, dëst am Kader vun der ëffentlecher Schoul, hunn. Deemno ginn zousätzlech Fachkräfte gebraucht, fir an de Schoulen d’Léierpersonal ze ënnerstëtzen. Sou entsteet 1973 am Kader vun der Aféierung vun der Sonderschoul och de Beruff vum “moniteur d’éducation différencié” an den “éducateur”, 1990 ersat duerch den “éducateur” an “éducateur gradué”, och Sozialpädagog genannt. Déi éischt sozialerzéieresch Ausbildunge fänken zu Walfer un, duerno zu Fenteng a fir 15 Joer provisoresch zu Léiweng. 40 Joer duerno kritt den Erzéierlycée endlech en definitive Standuert an en anstännegt Gebai, dat vu Januar 2012 zu Miersch fonktionnéiert fir momentan 853 SchülerInnen.[12]

(III.) Béid Traditiounen, déi vun der Sozialpädagogik an déi vun der Sozialassistenz, fanne schliisslech zesummen am Kader vun der Universitéit Lëtzebuerg, déi réischt 2003 gegrënnt gëtt an am Hierscht 2005 e Bachelor-Studiegang an de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften lancéiert.[13] Dëst ass en integréierten/integrative Studiegang vun der Sozialer Aarbecht, der Intervention sociale, dem Social work: Sozialpädagogik a Sozial Aarbecht fannen hei zesummen a beräicheren sech géigesäiteg, wouvunner déi ronn 200 Absolventen profitéieren, déi haut mat dem neie Bachelor-Diplom an de verschiddensten Aarbechtsfelder, vu Kannerbetreiung bis Office- socialen, am Streetwork wéi an der Kanner- a Jugendhëllef schaffen. „Keng Sozial Aarbecht ouni eng pädagogesch-erzéieresch Dimensioun – keng Bildung an Erzéiung ouni sozial Dimensioun.“ Leschten Hierscht (2011) ass dann och e Master professionnel lancéiert ginn am Bildungs- a Sozialmanagement.[14]

Sozial Aarbecht ass haut an der Mëtt vun eiser Gesellschaft ukomm a gehéiert zur Liewens-wierklechkeet vun eis all derzou: Am Laf vun eiser Biographie wäerte mir mat grousser Wahrscheinlechkeet Vertrieder vun hinne begéinen, eis op si verloosse mussen, eis hinnen uvertrauen. Wat kënnen/musse mir vun de Professionnellen an der Sozialer Aarbecht erwaarden? Ganz einfach: Eng gutt Qualifikatioun, déi iwwert d’Beruffsjore weidergefouert gëtt, eng berufflech Verantwortung, déi d’Méiglechkeeten an d’Limitte vum Beruff kennt, eng Deontologie, déi sech auszeechent duerch Gewëssenhaftegkeet, Respekt an Diskretioun am Ëmgank mat de Matmënschen, mat deem si e Stéck Liewenswee duerfe goen an iwwert deen net entscheet gëtt, mee dee matbestëmme kann, sief et als Kand, Jugendlechen, als Persoun mat Behënnerung, als Ofhängegen, als eeleren oder kranke Mënsch.

Wéi sech Mëtt Februar dëst Joer 400 SozialpädagogInnen an ErzéierInnen am Cercle Municipal zesummefonnt hunn, fir op hir Unerkennung an Aarbechtsconditiounen opmierksam ze maachen, do hunn si gewisen, zu wéi enger grousser Famill déi sozial Beruffer an de leschte Joerzéngten ugewuess sinn. Trotz ënnerschiddlecher Beruffsgeschicht, Reglementéierung wéi och Representéierung weisen déi sëllech Sozialberuffer ëmmer méi Gemeinsamkeeten op betreffend Aarbechtsfelder a Liewenslage vun de Clienten, de professionellen Aktivitéiten an den Handlungsmethoden. D’Zeeche sti ganz kloer op eng gemeinsam Zukunft. Haut gëllt et dës Famill am Kader vun enger gesetzlecher Neiregelung an engem neie Kadergesetz zesummenzeféieren.

Si kënnen houfreg op hir alldeeglech Aarbecht sinn. Vill vun hinnen engagéieren sech och iwwert hire Beruff eraus, an der Zivilgesellschaft oder der Politik. Bei de leschte Gemengewalen hunn sech der vill vun hinnen dem Wieler gestallt. Si ginn hire Wee, schaffen an de Schäffen- a Gemengeréit, an der Chamber (Georges Engel, Viviane Loschetter, Jean-Paul Schaaf) oder an der Regierung (Françoise Hetto-Gaasch) am Interessi vun der Allgemengheet, och wa biswell kee vun deene méi wéi 4000 Beschäftegten aus deem Beräich et biswell gepackt huet, fir an déi nei „Chambre des Salariés“ gewielt ze ginn; déi 6 Vertrieder am Grupp “Santé et Action Sociale” kommen aus dem Gesondheetsberäich.[15]

Op dem internationale Plang presentéieren déi international Verbänn haut um 20. Mäerz eng „global sozial Agenda“ fir eng méi mënschlech a sozial gerecht Globaliséierung. (www.globalsocialangenda.org) Dës Agenda gëtt den 22. Mäerz dem Europarot zu Stroossbuerg iwwerreecht an e Méindeg, de 26. Mäerz de Vereenten Natiounen zu Genf.

Awer opgepasst! Mir kënnen eis net mat professionneller Sozialer Aarbecht fräikafe vum Déngscht un der Gesellschaft, fir dee jidderee vun eis opgeruff / beruff ass, sécher ginn et ënnerschiddlech Perioden am Liewen, an deene mir eppes fir d’Gesellschaft kënnen zeréckginn. D’Erfarung léiert, datt mir fréier oder spéider vun där Solidaritéit profitéieren, déi mir selwer bereet sinn ze leeschten. Mir kënne frou sinn an enger Gesellschaft ze liewen, déi Sozial Aarbecht finanzéiert a professionnell organiséiert an net enger patriarchalescher a matriarchalescher Bienfaisance, Wohltätigkeit, Mildtätigkeit iwwerléisst. Awer nëmmen zesummen kënnen déi fräiwelleg Benevole an déi professionnell Sozial Aarbechter verhënneren, datt mir e Land vun de kalen Häerzer ginn, e Land vum verierfte Gruppen-Egoismus an ethnesche Standesdünkel. Zesumme kënne mir weiderbauen un enger méi gerechter, inklusiver an offener Gesellschaft.

Charel Schmit,

President vun der ANCES, Lëtzebuerger Fachverband fir Sozial Aarbecht (LFSA) www.ances.lu

Links:

World Social Work Day and Release of the Agenda: www.globalsocialagenda.org

International Verbänn: www.eassw.org; www.ifsw.org, www.aifris.org; www.fice-inter.net; www.ifsw.org; http://aieji.net/

Lëtzebuerger Fachverband: www.ances.lu; thematesch Fachverbänn: www.eapn.lu

Lëtzebuerger Beruffsorganisatiounen: www.lbsa.lu, www.apeg.lu, www.entente.lu, www.anasig.lu

 

[1] Paul-Henri Meyers: L’évolution de la législation de lutte contre la pauvreté. In : Jungblut, Marie-Paule; Wey, Claude (Hg.): Armes Luxemburg? Pauvre Luxembourg? Luxembourg 2011. page 264

[2] Goetzinger, Germaine: Der ‘Verein für die Interessen der Frau’ oder Bürgerliche Frauenbewegung in Luxemburg. – Loschetter, Viviane, De l’infirmière visiteuse à l’assistante sociale. In: Germaine Goetzinger, Antoinette Lorang, Renée Wagener (Hrsg.) “Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen…”, Luxembourg 1997.

[3] Marco Hoffmann, Le développement du travail social au Luxembourg à travers l’activité centenaire de la Ligue médico-sociale, Ligue médico-sociale, Ligue luxembourgeoise de Prévention et d’Action médico-sociales, Juin 2008.

[4] http://www.croix-rouge.lu/les-debuts/

[5] C’est ainsi qu’en date du 14 décembre 1932, dix personnalités engagées dans la vie associative catholique signèrent les statuts de la « Fédération Luxembourgeoise des Œuvres Catholiques de Charité » http://www.caritas.lu/index.php?portal=16&page=679

[6] Großh. Beschluß vom 16. Juli 1935, wodurch das staatliche Fürsorgerinnendiplom geschaffen wird. : (…) Infirmières hospitalières = Krankenhauspflegerinnen; aux infirmières visiteuses d’hygiène sociale = sozialhygienische Fürsorgerinnen. (…) Art. 6 : Pour les infirmières visiteuses, l’examen comporte en outre une visite à domicile avec enquête. L’examen pour le titre d’infirmière visiteuse peut être passé en même temps que celui d’infirmière hospitalière. / Die Fürsorgerinnenprüfung begreift außerdem einen Hausbesuch mit Berichterstattung. Die Fürsorgerinnen- und die Krankenhauspflegerinnenprüfung kann gleichzeitig abgelegt werden.

[7] Großh. Beschluß vom 16. Juli 1935, wodurch das staatliche Diplom für soziale Helferinnen geschaffen wird.

[8] L’arrêté grand-ducal du 16 juillet 1935 porte création du diplôme d’état luxembourgeois pour les infirmières hospitalières, les infirmières visiteuses et les assistantes sociales.

[9] Ulla Peters; Peter Witt in: Passagen. Mersch 2006

[10] http://www.cid-femmes.lu/id_article/92

[11] Bruno Mousel : « Avec la création du service d’intégration sociale de l’enfance en 1968 chargé plus particulièrement d’examiner tous les problèmes relatifs aux maisons d’enfants en vue de coordonner notamment les systèmes éducatifs et les conditions de travail des différentes institutions, les pouvoirs publics commencèrent enfin à prendre conscience de leurs obligations dans ce domaine et ce 17 ans après l’admission du premier groupe d’enfants au „Kannerschlass“ dont on reconnaissait volontiers la valeur du travail éducatif d’avant-garde. » http://www.kannerschlass.lu/fondation/4B.html

[12] www.ltpes.lu dossier de presse 2012

[13] Claude Haas : http://wwwen.uni.lu/formations/flshase/bachelor_en_sciences_sociales_et_educatives_professionnel/

[14] « Le Master Management und Coaching im Bildungs-und Sozialwesen forme des dirigeants et spécialistes des domaines sociaux-éducatifs par l’acquisition de compétences clés, nécessaires pour répondre aux changements spécifiques que connaissent ces secteurs. » http://wwwen.uni.lu/studies/flshase/master_management_und_coaching_im_bildungs_und_sozialwesen_professionnel

[15] Composition du groupe 7 « Les salariés de la santé et de l’action sociale (6 membres) »

http://www.csl.lu/fonctionnement/assemblee-pleniere/les-membres?start=6

Ähnliche Beiträge:

Summer Seminar Children’s rights Juillet 2023

Summerschoul 2023
  • ances Verein/société
  • ARCHIVES
  • Neuigkeiten
  • Plattform Soziale Arbeit

https://youtu.be/r3b1UgxK74g Journées de formation, d’information et d’échanges sur la situation des droits de l’enfant au Luxembourg et…

Declaration of Geneva’ put children’s rights – Conférence publique avec débat – okaju

  • ARCHIVES

INVITATION Conférence de midi 23rd February 1923: 100 years ago, the ’Declaration of Geneva’ put children’s rights…

Assemblée générale 2022

  • ances Verein/société
  • ARCHIVES

Einladung zur Assemblée générale Am 14.12.2022 ist es wieder soweit … … wir laden Sie liebe Freunde…

„Quo Vadis?“ Soziale Berufe

  • ances Verein/société
  • ARCHIVES
  • International
  • National

„Quo Vadis“ Qualifikationsniveaus in Sozialen Berufen im deutschsprachigen Raum?! Die ances freut sich auf die erste gemeinsam…

Educatiounsministere Luxembourg: Procédure législative vum Projet de loi 7994. Eng Informatiounsveranstaltung.

  • ARCHIVES

Am Kader vun der Procédure législative vum Projet de loi 7994 portant aide, soutien et protection aux…

Die Vielfalt der sozialen Arbeit in Luxembourg / La diversité du travail social au Luxembourg 2021

  • ARCHIVES
  • National
  • Plattform Soziale Arbeit

Seit März 2014 beobachten und dokumentieren wir den Arbeitsmarkt in Luxemburg, im Bereich der Sozialen Arbeit (als…