Léif Frënn vum LTPES a vum IEES,
Mir sinn immens motivéiert fir „endlech“ eng Alumni op d’Been ze kréien. An dofir wollte
mir elo zesummen mat der ANCES (Association nationale des communautés
éducatives et sociales a.s.b.l.) d’Fundament géissen, an zwar no onser Porte ouverte
vum 28. Januar 2022 um 20.00h.
A fir dass e Fundament am Wanter richteg gudd gëtt, suergen mir fir Gedrénks a
Finger-Food. Dat ganzt fënnt statt am Préau vum LTPES/LEM riets am Espace vun
der Cafetéria “Gëlle Fra”. Aus bekannten aktuellen Grënn géifen mir et als en 2G+
Event virgesinn.
Mir hunn nët fir näischt den Dag vun onser 1. Porte ouverte gewielt, well mir fannen,
dass dat eng gutt an interessant Méiglechkeet bitt ganz nom Motto “Meet and greet
mat Anciens (vun Ex-Schüler*innen a Student*innen bis zu fréieren
Direktiounsmemberen)”. En plus hunn mir 2023 e Jubiläum ze féieren…
Fëllt vgl. folgende Formulaire aus (och wann dir den 28. nët kommen kéint). Sou kënne
mir iech au courant halen a vläit klappt et jo bei engem nächsten Treffen.
Mir freeën ons elo schonns vun iech ze héieren a ween weess iech schonns den 28.
ze gesinn.
Mat ganz häerzlechen Gréiss,
D’ANCES Den SSE vum LTPES D’Direktioun vum LTPES