Kanner- a Familljenhëllef : e breede Consultatiounsprozess fir e nationale Qualitéitskader

Den 10. November 2020 war de Startschoss vun engem breet ugeluechte Consultatiounsprozess am Kontext vun engem nationale Referenzkader (DE: Rahmenplan ; FR: Cadre de référence) fir de Secteur vun der Aide à l’enfance et à la famille (AEF). An der Kanner- a Familljenhëllef kritt all Kand a Jonken bis 27 Joer déi néideg Hëllef an Ënnerstëtzung ugebueden, deen enger Menace a senger physescher, psychescher, mentaler oder sozialer Entwécklung ënnerläit, deen enger physescher oder moralescher Gefor ausgesat ass oder riskéiert Affer vu sozialer Exklusioun ze ginn.

D’Erausfuerderung am soziale Secteur ass et sech ëmmer erëm un déi gesellschaftlech Entwécklung an un déi domat verbonnen Defien unzepassen. Och d’Kanner- an d’Familljenhëllef ass iwwert d’Joren gewuess, doduerch datt reegelméisseg nei Projeten an Hëllefsmesüren an d’Liewe geruff ginn. E nationale Referenzkader soll déi ganz Panoplie u Mesüren kadréieren an d’Qualitéit am Secteur sécherstellen. E kann als Analogie zum nationale Referenzkader fir déi non-formal Bildung ugesi ginn, an deem zënter 2018 déi allgemeng Zilsetzungen a pedagogesch Prinzippie beschriwwe sinn, déi d’Crèchen, d’Maison Relaisën an d’Dageselteren zugonschte vun de Kanner mussen ëmsetzen.

Déi laangjäreg ugesammelt Erfarungen a Wëssensbestänn sollen d’Source fir d’Ausschaffe vum Referenzkader fir den AEF-Secteur sinn, sou datt an de nächste Méint verschidden Aktivitéiten ënnert dem Numm “Social Lab” stattfanne wäerten, déi all Partie Prenante aus dem Secteur AEF – vum Beneficiaire iwwert d’Fleegefamilljen, den Professionellen aus dem edukativen wéi och aus dem Gesondheetsberäich, den Direkteren, den administrativen Servicer, de Partner aus dem Schoulwiesen, der Justiz an der Santé bis hin zu den verschiddenen Ministèren – an enger partizipativer Approche usichen an aktiv matschaffen loossen. “Et ass wichteg dat mir all d’Acteure consultéieren, déi an der AEF aktiv sinn, et ass awer och wichteg, datt mir d’Stëmm an d’Iddie vun den Beneficiairen, déi an enger Hëllefsmesüre vun der AEF sinn oder waren, net vergiessen,” huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, bei der Begréissung betount.

Opgrond vun der aktueller sanitärer Kriis an den domat verbonnenen Restriktiounen, huet de Kick-Off vum Consultatiounsprozess a Form vun engem Webinär missen stattfannen. Net manner ewéi 90 Leit aus ënnerschiddlechen Aarbechtsfelder vum AEF-Beräich hu wärend 2,5 Stonne méi wéi 500 perséinlech Contributioune apportéiert, dorënner ganz vill Iddien, Kommentaren, Kritiken, Stäerkten, Schwächten, esou wéi konkret Verbesserungsvirschléi a Visioune fir d’Zukunft vun der Kanner- a Familljenhëllef an dem Jugendschutz.

Trotz dem Ausbleiwe vun der eigentlech geplangter Präsenzveranstaltung, ass den Event e Succès gewiescht. Déi vill wäertvoll Aussoe weisen d’Bereetschaft an d’Expertise am Sozialwiese fir Verännerungen an Innovatiounen do wou se sënnvoll a noutwendeg sinn. Si guidéieren déi véierkäppeg Equippe vum “Social Lab”, déi de gesamte Consultatiounsprozess koordinéiert, an hiren nächste Schrëtt. Et geet elo drëm geziilt vereenzelt Themen opzegräifen an zesumme mat de concernéierten Acteuren ze analyséieren, a wéiwäit an ënnert wéienger Form dës an de Referenzkader afléisse mussen.

Déi genannten Themen reechen an de grousse Linne vun der Participatioun vun de Beneficiairen, iwwert eng intensiv, systematesch a flächendeckend Preventioun an eng méi staark Visibilitéit vum Secteur AEF, den Developpement vum Transitiounsmanagement, der Promotioun vun der Transparenz am Secteur, d’Intensivéierung vun der Elterenaarbecht, d’Verbesserung vun de Qualifikatiounsweeër punkto initial Ausbildung a Weiderbildung bis hin zum Ausbau vun der Vernetzung an d’Optimiséierung vun de Schnëttstelle ewéi z.B mam Justizapparat, dem Schoulwiesen an der Jugendpsychiatrie.

De Consultatiounsprozess “Social Lab” gett vum Minstère, am Zesummenaarbecht mat der ANCES (association nationale des communautés éducatives et sociales) an  der FEDAS (fédération d’organismes du secteur social) organiséiert. E verleeft iwwert e ganzt Joer a wäert a nächster Zukunft och iwwert eng participativ online-Plattform animéiert ginn.

Verëffentlecht: MENJE, FEDAS, ANCES

Film zur Kick-Off Veranstaltung vun der Kanner- an Familljenhëllef

Ähnliche Beiträge:

Alices Dag 2024

  • ARCHIVES

Lëtzebuergesch Rencontre vun der Universitéit an den Organisatioune vum soziale Secteur. ALICES huet sech zum Ziel gesat,  …

Aus armen Kindern werden arme Erwachsene

Titelbild aus dem Tageblatt
  • ARCHIVES

Am 20.09.2024 wurde im Tageblatt ein Interview mit unserer Vizepräsidentin Petra Böwen veröffentlicht. Das Interview wurde von…

35th FICE International World Congress in Split

  • ARCHIVES
  • International

Welcome to all participants to the 35th FICE International World Congress in Split, Croatia 23rd to 25th…

Kinderarmut in Luxemburg. Kinder in REVIS-Haushalten – „Kéng Chance vun Ufank un?“

Titelbild zum Beitrag Kinderarmut
  • ARCHIVES

Unsere Vizepräsidentin Petra Böwen nimmt sich im unten verlinkten Artikel eines wichtige Themas an Kinderarmut in Luxemburg…

Assemblée générale & Pique nique 29.06.2024

Fleegeelteren LOGO
  • ARCHIVES

Assemblée générale & Pique nique 29.06.2024 Samsdes, den 29. Juni 2024, 11h-16h, um „Schoulcampus Noumer“ (Schoulhaff an…

Interview Petra Böwen bei 100,7

Bild beim Radio 100.7
  • ARCHIVES

Haut de moie war eis Vizepresidentin Petra Böwen am Radio 100.7. Wenn dir net konnt dobäi si…