D’ANCES a.s.b.l, de Lëtzebuerger Fachverband fir Sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung, sicht fir direkt oder no Ofsprooch een
Mataarbechter (m/w/d)
30-40 Stonnen d’Woch / CDI
fir am Kader vun der Konventioun mam
Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Projeten ze entwéckelen, ze koordinéieren an ëmzesetzen.
Äre Profil :
- Dir hutt e Bachelor- / Master-Diplom am human- oder sozialwëssenschaftleche Beräich
- Dir hutt Beruffserfarung am Sozial-, Gesondheets- oder Erzéiungswiesen
- Dir hutt Erfarungen a professioneller Kommunikatioun an Netzwierkaarbecht
- Dir hutt Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg an am Ausland
- Dir hutt gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
- Dir sidd gutt organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht
Mir bidden Iech:
- Verdéngscht a Konditioune vum CCT-SAS Kollektivvertrag (C6)
- Schaffen an engem internationale Reseau
- D’Méiglechkeet, innovativ Projetsaarbecht ze verwierklechen
- Flexibel Aarbechtszäiten
Fir weider Froen oder zousätzlech Informatiounen mellt Iech wgl. ënnert bex(a)ances.lu .
Wann Dir Interessi un dëser Aarbecht beim www.fachverband.lu hutt, da schéckt eis wgl. Är Kandidatur mat Äre vollstännege Ënnerlagen bis de 16. August 2020 un: bex(a)ances.lu . All Ufro oder Kandidatur gëtt mat där néideger Diskretioun behandelt.