ERZIEHEN ALS BERUF

Erziehen als Beruf "50 Joer Educateur Ausbildung zu Lëtzebuerg"

Léif Frënn vun der ANCES,

En ass do: den neien arc. Ech freeë mech, datt dir iech Zäit hëlt, en ze liesen.

Och an dësem Arc geet et ëm d’Zäit, well et sinn elo e bësse méi wéi 50 Joer, datt zu Lëtzebuerg d’Ausbildung zum Educateur ugebuede gëtt – ee Beruff, deen aus eiser Gesellschaft haut net méi ewech ze denken ass.
An dësem Arc stelle mir den Educateur an de Mëttelpunkt a beschäftegen eis mat senger Geschicht, den aktuellen Ausbildungsweeër, mee och mat deenen zukünftegen
Erausfuerderungen. Mir soen all deenen Auteuren déi eis bei dësem arc e Bäitrag eragereecht hunn e grousse Merci an och all deenen Educateuren, déi an dësem Heft mat engem Temoignage dobäi sinn an eis Abléck an hire Parcours an an hir berufflech Lafbunn ginn hunn.
Ech selwer sinn elo zënter iwwer 25 Joer am Beruff a stellen ëmmer erëm mat Erstaune fest, wéi staark sech de soziale Secteur an deene Jore weiderentwéckelt huet. 

D’Maison relais’en hunn deemools nach Foyer de jour oder Schoulkantin
geheescht, d’Zuel vun de Jugendhaiser konnt een op enger Hand ofzielen, de Heemberäich huet sech a Richtung kleng Wunnstrukturen entwéckelt, an de Resolux war éischter e
Frëndebuch, an deem ee gesinn huet, wéi eng Kolleege wou schaffen. De ganze soziale Secteur war deemools quasi ënner engem eenzege Ministère zesummegefaasst, deem vun der Famill.

Mee och bei der Ausbildung huet sech vill gedoen. Laang Jore gouf et zu Lëtzebuerg nëmmen zwou Ausbildungsweeër:
Educateur an Educateur gradué. Mëttlerweil gëtt et eng grouss Villfalt u Formatiounen a verschiddenen Ofschlëss, déi et jonken – mee och manner
jonke – Mënschen erméiglechen, an dësem spannende Beruffsfeld hir Plaz ze fannen.
Dobäi kënnt, datt d’Formation continue haut e feste Bestanddeel vun eisem beruffleche Curriculum ass.
D’Méiglechkeet, sech iwwer säi ganzt Beruffsliewe weider ze forméieren, ass net nëmmen eng Plus-value fir den Erzéier selwer, mee och eng Noutwennegkeet, fir de gesellschaftleche Verännerungen an Erausfuerderunge gerecht ze ginn. An mengen Aen ass et dofir och eng Opwäertung vun eisem Beruffsstand, datt mir haut net méi vun Acteuren an der Kannerbetreiung schwätzen, mee vu Professionellen am Beräich vun der non-formaler Bildung, ugesidelt ënner dem Educatiounsministère.

Auszug aus Seite 11

Un dëser – trotzdeem – positiver Evolutioun hu vill Protagoniste matgewierkt a si bis haut beméit, d’Qualitéit vun der Ausbildung an eiser Aarbecht weider ze verbesseren. Dat fänkt bei den eenzelnen Erzéier um Terrain un, déi sech engagéieren,
nei Projeten ze lancéieren, geet weider bei den Träger, déi zesumme mat hire Mataarbechter nei Konzepter entwéckelen, an ëmfaasst och d’Educatiounsministère, déi proaktiv personell, finanziell a fachlech Moyene zur Verfügung stellen, fir nei Weeër ze goen an nei Ausbildungen ze schaafen. D’Zil ass et, all eise Kanner, Jugendlechen an hire Familljen déi selwecht Bildungschancen ze erméiglechen an do pädagogesch Ënnerstëtzung unzebidden, wou se gebraucht gëtt.

Och mir, als Fachverband vun der sozialer Aarbecht an der Erzéiung, sinn zënter iwwer 45 Joer beméit, wëssenschaftlech Erkenntnisser a Know-how aus dem Ausland an eise pädagogeschen Alldag anzebréngen an esou d’Qualitéit vum pädagogeschen Handelen ze stäerken.
Fir dëser Missioun och weider gerecht ze ginn, brauch et d’Erfarung vum Terrain genee
esou wéi déi aus der Wëssenschaft.
Mir géifen eis freeën, wann deen een oder aneren ënner iech sech eis géif uschléissen.


Bonne Lecture

Ähnliche Beiträge:

ASSEMBLÉE GÉNÉRALE EXTRAORDINAIRE 2025

  • ances Verein/société
  • Neuigkeiten

L’association à but non lucratif « Association nationale des communautés éducatives et sociales » a, lors de…

Refonte des STATUTS de l’ANCES a.s.b.l. 2026

ances.lu
  • ances Verein/société
  • Neuigkeiten

PREMIERE RESOLUTION Suite à l’entrée en vigueur de la loi modifiée du 7 août 2023 sur les…

Table ronde „Erzéien als Beruff“

  • Allgemein
  • ances Verein/société
  • arc - Fachmagazin
  • National
  • Neuigkeiten
  • Plattform Soziale Arbeit

Am 3. März 2026 lud die ances asbl zu einer Table Ronde zum Thema „Erzéien als Beruff“…

ASSEMBÉE GÉNÉRALE 2025

Einladung zur Generalversammlung
  • ances Verein/société
  • ARCHIVES

Einladung zur Generalversammlung Anmeldung Wann? Montag, 05.Mai 2025 19:00 bis 21:00 Wo? CENTRE CULTUREL „SALLE AM DUERF„…

Buchliesung Obdachlosigkeet an Aarmut

Buchliesung - Lecture de livre
  • ances Verein/société
  • Diskussion und Beiträge
  • Plattform Soziale Arbeit

D’ances huet  invitéiert: Buchliesung / lecture de Livre Geführt durch unsere beiden Moderator/innen Magali DE ROCCO (ances)…

DE SOZIALE STAMMINET 2023 – 2024

  • ances Verein/société
  • Diskussion und Beiträge
  • National
  • Neuigkeiten
  • Plattform Soziale Arbeit
  • Projekte

No engem Joer voller interessante Stammineten an aneren Eventer, gouf elo en Dënschdeg den Ofschloss vun der…