D‘ ances sicht fir direkt oder no Ofsprooch een
Mataarbechter an der Carrière C6
10 Stonnen d’Woch / CDI
fir am Kader vun der Konventioun mam
Ministère de l’Éducation Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse am Beraich vun der
Aide à l’Enfance et à la Famille
Projeten ze entwéckelen, ze koordinéieren an ëmzesetzen.
D’ances ass e klenge, familiäre Veräin mat enger laanger Traditioun a säit 2019 hun mer e
feste Büro zu Itzeg. Mir bidden en autonomt a flexibelt schaffen an enger dynamescher
Equipe vun 3 Léit.
Fir weider Froen oder zousätzlech Informatiounen mellt Iech wgl. ënnert president@ances.lu.
Wann Dir Interessi un dëser Aarbecht be der www.ances.lu hutt, da schéckt eis wgl. Är
Kandidatur mat Äre vollstännege Ënnerlagen bis den 01.02.2025 un: info@ances.lu
All Kandidatur gëtt mat där néideger Diskretioun behandelt